🌷👰 Spontane Pre Easter Sale! 🐰👗

Helloooo léif Bride-To-Be 👰

Du bass nach op der Sich no déngem perfekten Brautkleed zu engem onschlagbare Präiss? Mir lueden dëch dëse Samsden, den 23.03.2024 zu eisem Pre Easter Sale an!

🎉 Entdeck eng wonnerschéin Auswiel un eenzegaartegen Brautkleeder an alle Stiler, déi direkt kënne matgeholl gin!

💖 Präisskategorien fir all Geschmack:

💍 899€

👑 1299€

🌟 1599€

✨ 1799€

Egal ops du dech fir eng A-Linn, e Fit&Flare oder e fléissend Brautkleed entscheeds, dat Richtegt Kleed waard op jiddefall op dëch!

👗 Gréissten: Vun 38-48

📅 Datum: Dëse Samsden, 23.03.2024

Verpass also net dëss Gelegenheet fir däi Brautkleed ze fannen!

Sëcher dir ëlo däi Rendez-Vous!

Mir freeën eis op dëch 🙂

 

MARRY ME

SCHREIW MAT EIS DÉNG BRIDAL STORY

Däin Draam, méng Leidenschaft.

Schon ëmmer war et mäin Draam aus enger Fra eng wonnerschéin Braut ze maachen. Den 3. Juli 2018 ass dësen Draam fir mëch an Erfëllung gaangen an saitdem därf ech mäin Draam all Dag liewen.

Mein Ziel ass ët mat dir zesummen Däin Draamkleed ze fannen! Ech ennerstëtzen dech mat Härz an Léift op dëser Sich nom Brautkleed zwëschen all deenen exklusiven, modernen an eenzegartegen Brauträck, déis du an méngem Bridalstore fannen kanns !

Hochzäitskleed Stiler

Real #marryme_brides

Dat soen #marryme_brides iwer eis

Eisen Service fir dech

Perséinlech Berodung mat Häerz

Freeë dech op eng éierlech an häerzlech Berodung

Bridal Breakfast

Verbréng een flotten Moien mat Frëndinnen, Schampes an engem leckeren Frühstück

Privatsphäre

Dir steet ee vun eisen 2 gemittlechen Séparée’en zur Verfügung an eng Beroderin këmmert sech just em dech an deng Lieblingsmenschen

Exklusiv Brautkleeder

Eis wonnerschéin Räck gin mat vill Léift erausgesicht an sin ganz exklusiv an der Regioun

Et gin Outfits, un déi mir eis erënneren,
an et gëtt däin Hochzäitskleed!”

3 Steps to your dream dress

Klick op den Button “Rendezvous buchen” dann kënns du op eisen Kallenner

Wiel fir dëch an déng Lieblingsmënschen en fräien Rendezvous eraus

Däin Rendezvous ass ëlo reservéiert an mir freeën eis dech geschwënn an eisem Store ze begréissen

Mir freeën eis

Mir leeën vill Wäert drop, dass Du dech bei eis wuel fills an eng häerzlech an éierlech Berodung kriss.

Mir freeën eis dëch perséinlech bei eis zu Munnerëf ze begréissen an dëch op dëser wonnerbarer Rees no Déngem Dramkleed ze begleeden.

Kontakt Bridal Store

Sou fënns du eis!

1, Avenue Lou Hemmer
L-5627 Mondorf-les-Bains

Op Rendezvous!